Firwat: Ziel vum Proje

Sproochen léieren ass wichteg an engem multilingualen Europa. Sproochlech Fäegkeeten sinn den Schlëssel zu schouleschen Méiglechkeeten, perséinlech weiderbildend Erfarungen an besserem Zougang zu enger Rei Beruffer an Carrièren. Déi essentiell Bedeitung vun Sproochen gëtt an deenen verschiddenen Educatiounspolitiken erëmgespigelt. Laut dem Eurydice Rapport vun 2012 fuerderen déi meescht Europäesch Länner en minimum vun 2 Friemsproochen. Sproochen an der Schoul sinn oft eng Viraussetzung fir een Studium an domadder och verbonnen mat dem spéideren berufflechen Succès.